Raymond J-M Petit

Während senge Studien an de Vereenegte Staate vun Amerika, huet de Raymond Petit sech an d'Welt vun der Skulptur ageschafft, woubäi hien u verschiddene Coursen un der William Howard Taft High School zu Los Angeles deelgeholl huet. Doropshin realiséiert hie mat Erfolleg eng artistesch Carrière mat individuellen a kollektiven Ausstellungen, wéi et och am Joer 1977 de Kritikerpräis vun der „VIIIe Biennale des Jeunes“ zu Esch/Uelzecht ënner Beweis stellt.

Niewent sengen Ausstellungen, ënner anerem zu Lëtzebuerg, Oxford, London, Bréissel, Tokyo, Rotterdam, Mailand oder Innsbruck, huet hien och Skulpturen am Optrag vum Staat realiséiert. Sou zum Beispill verschéinert zënter 1979 eng vu senge Skulpturen d’Entrée vum Lycée Technique Michel Lucius an der Stad Lëtzebuerg, an och am Joer 1989 gouf seng monumental Skulptur „Arc/Deux personnes“ am Park vum Therapiezentrum zu Useldeng opgeriicht. Zënter 1993 beräichert eent vu senge Wierker de Foyer vun der Gemeng Hesper an am Joer 1995 huet de Raymond Petit en neit Monument fir d’Krichsaffer an der Gemeng Nidderaanwe geschaf. Eng aner monumental Skulptur gouf an der selwechter Gemeng virum CIPA (Centre intégré pour personnes agées) am Joer 1998 ageweit. Seng Skulptur “Icare” steet zenter 2009 am Park vum “Holywell Manor”, der Doktorandeschoul vum Balliol College zu Oxford; an 2012 gouw “Spring”, é klengt Monument zu Eieren vun der Violette Szabò, niewt hirem Musée zu Wormelow agewéit.

Dem Raymond Petit seng Wierker zeechne sech duerch hire puristesche Stil aus, woubäi d’Ausdrocksmëttel vu senge Figuren op dat Essentiellt reduzéiert sinn. Et ass déi mënschlech Persoun, déi ëmmer am Mëttelpunkt vu senge Ausféierunge steet. D’Persoun an déi zwëschemënschlech Bezéiunge sinn Themen déi op eng konstant Aart a Weis a senge Skulpture ausgeschafft ginn. Duerch de Gebrauch vun engem hallef-abstrakte Langage, dee jidderengem zougänglech bleift, vermëttelen dem Raymond Petit seng Wierker eng natierlech Emotioun déi sech duerch ee perséinlecht Erliefnis oder ee perséinlecht Uleies iwwersetze léisst.